top of page

IMMO DCO
REAL ESTATE

Iwwer eis

Mäin Numm ass Davies Chukwumah Ogbonna an ech sinn de Bësetzer vun Immo DCO.
Ufank den 2000, no menge Studien, hunn ech eng Rondrees duerch Europa gemaach, mat Statiounen zu Athen, Paräis an Amsterdam. Duerch eng Rei vun Zoufäll sinn ech zu Lëtzebuerg geland. Hei hunn ech meng Fra kenne geléiert, wou mir elo och nach mat Eisen dräi Meedercher wunnen.
Meng Passioun fir Immobilien war schon als Teenager present, wou ech vill Stonnen bei ganz enke Frënn vun der Famill verbruecht hunn, déi ënnert anerem eng Konstruktiounsfirma haten.
Wou ech dunn, mat menger Fra, no engem neien Haus fir eis Famill gesicht hunn, ass bei eis d’Iddi gewuess, no séilegen, immens frustréierenden Erfahrunge geschwuer, et anescht a besser ze maachen.
Mir wëllen dat Bescht fir eis Clienten, sief et als Keefer oder Verkeefer, als Proprietär oder als Locataire. 
Eis Clienten eescht huelen, hinnen nolauschteren a se an deem ganze Prozess begleeden, ass mir esou wuel wéi menger Fra immense wichteg.
Mir kënnen Iech a villen Domänen beroden a begleeden, sief et duerch home staging, fir Är Immobilien opzewäerten, oder beim Versteesdemech vun der spezieller Herausfërderung am Schoulsystem. Mir hunn en oppent Ouer a begleeden Iech professionnell duerch de ganze Prozess.

 

Immo DCO, Är Agence, ganz no.

Mir freeën eis op Ären Uruff.


Davies C. Ogbonna
 

Logo agence certifiée of Chambre Immobilière

Familljebetrib

Méi no bei Iech

Professionell
Equipe

Business owner with partner leaning against wall
About Us
Business Owner with clients opening a house door

Eis Servicer

Immobilien Agence

Mir erstelle Bewäertungen an Estimatioune vun Ärem Bien. Mir begleeden eis Clienten duerch de ganze Verkaf oder bei der Acquisitioun vun hirem neie Familljenheem. Mir begleeden och eis Clienten, déi hire Bien verloune wëllen, bei der Sich no dem perfekte Locataire. Mir hëllefen ausserdeem eiser Clientèle, déi op der Sich no engem Haus oder enger Wunneng fir ze Loune sinn, hiren Dossier um neiste Stand ze hunn.

Home Staging

Home Staging ass d’Virbereedung vun engem Objet fir de Verkaf um Immobiliemarché. D’Zil vum Staging ass et, en Haus fir eng méiglechst grouss Zuel vu potenzielle Keefer attraktiv ze maachen an esou den Objet méi séier a fir méi eng héich Zomm ze verkafen. D’Technike konzentréiere sech dorobber, de Wäert vum Objet ze steigeren a suergt dofir, dat d’Wunneng aluedend an attraktiv ass. De Keefer ka sech esou virstellen, dran ze wunnen a verspiirt de Wonsch et ze kafen.

Our Services

Our Offer

Rented

Apartment

Lorentzweiler, Luxembourg

Zëmmer

2

Buedzëmmer

1

Fläch

90m2

Contact

Kontaktéiert eis

5, rue Heienhaff
L-1736 Sennengerbierg

Merci!

bottom of page